|
Symposium de la sculpture à Bilsdorf |








|
Den “Startschuss” fir den Skulpturewee zu Bilschdref ënnert der Leedung vum Kënschtler Pit Nicolas war am Kulturjoer 1995. Fäerdeg gestallt ginn ass den Skulptursymposium am Joer 1996 . Den Skulpturewee ass méi spéit an den Projet Strasse des Friedens integréiert ginn. Den Wee huet eng Längt vun ongeféier 4 Km, geet no beim Café uewen am Duerf fort an féiert duerch den ënneschten Deel vum Duerf erëm zréck zu sengem Ausgangspunkt. Eng herrlech Vue iwwert Ardenner- Koppen mat Sicht bis op Bastogne an mat enger grad esou schéiner Vue iwwer den Misärshaff erof op Sauer. Folgend Kënschtler an hiert Konschtwierk. 1995 : Florence Fréson (B) : “Öffnung zum Symposium" - Schiefer vun der Warche (B) Bertrand Ney (L) : "Parallelität zum Kirchturm von Boulaide" - Granitsteen aus dem Fichtelgebirge (D) Paul Schneider (D) : "Mond- und Sonnenstein" - Granit aus Südschweden Anne-Marie Klenes (B) : "Schieferzaun am Waldsaum" - Schiefer aus Maartel (L)
1996 : Eileen Mc Donagh (IRL) : "Wasserstein" - Granitfiels aus Afrika Uli Gsell (D) : "Ergründet Innenraum des Steins" - Lavabasalt aus der Eifel (D) Thomas Link (D) : "Klangsäulen" – Basalt Ulrich Lindow (D) : "Eine Art Tisch mit verschiedenen Oberflächenstrukturen" – Schiefer
Text: René Delleré. |

|
Photos : René Delleré |











